Wéi erkläert den Här Minister sech déi negativ Tendenz vum Taux de réussite vun den Ofschlossexamen am Enseignement secondaire a wéi eng Moossname plangt hien ze huelen, fir den Trend ëmzedréinen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden. 

Den 12. Juli huet den Educatiounsminister bekannt ginn, dass den Taux de réussite vun den Ofschlossexamen am Enseignement secondaire weider erof geet. Dëst Schouljoer läit de globalen Taux bei 76 Prozent, lescht Schouljoer louch e bei 83 Prozent. 

Virum Hannergrond vun dëser negativer Tendenz wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Kann den Här Minister eis en Tableau mam jeeweilegen Taux de réussite vun de leschten zéng Joer zoukomme loossen, opgedeelt no Joren an no Enseignement secondaire classique, Enseignement secondaire général (fréier : technique) a Beruffsausbildung ?
  • Wéi erkläert den Här Minister sech déi negativ Tendenz vum Taux de réussite vun den Ofschlossexamen am Enseignement secondaire a wéi eng Moossname plangt hien ze huelen, fir den Trend ëmzedréinen ? 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

       Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck