Wéi eng Upassungevun de sanitäre Mesuren sinn an de Schoule geplangt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

A senger Äntwert vum 1. Mäerz 2022 op déi parlamentaresch Fro Nummer 5601 zu der Entwécklung vun de Covid-19-Fäll bei de Kanner a Jugendlechen an zu eventuellen zousätzleche Moossname schreift den Här Educatiounsminister ënner anerem, dass „opgrond vun der favorabeler Evolutioun vun den Infektiounszuelen […] eng Rei vu Lackerunge vun de sanitäre Mesuren agefouert“ goufen. Hie verweist op d’Ofschafe vun der Quarantaine an déi nei Dispositioune ronderëm d’Sortie aus dem Isolement. Dës Mesurë wieren och an de Schoulen ëmgesat ginn, heescht et weider.

 

Doriwwer eraus schreift den Här Minister : „Parallel zu der Entwécklung an eise Nopeschlänner wäerten d’Moossnamen an de Schoulen nach eng Kéier virsiichteg adaptéiert ginn, dëst nodeems am Laf vun der leschter Woch sämtlech Schoulpartner consultéiert goufen.“

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Wat sinn d’Conclusioune vun de Consultatioune vun de Schoulpartner ?
  • Wéi eng Upassunge sinn an de Schoule geplangt ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck