Wéi eng Ulafplaze gëtt et hei zu Lëtzebuerg, nieft der Police, fir Leit déi Beleidegunge géint hier Persoun ausgesat ginn?

 

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

 

Am Kader vum Pride Month deen dëse Mount stattfënnt gëtt Stolz, Toleranz a Selbstbewosstsinn zelebréiert an domat een Zeeche géint Stigmatiséierung an Ausgrenzung gesat. Leider si Beleidegung an Ausgrenzung awer och am Joer 2023 nach ëmmer eng Realitéit an eiser Gesellschaft. D‘LGBTQIA+ Communautéit, ass oft engem Haass ausgesat, dee generell net sollt akzeptéiert ginn, genau sou wéi Ufeindunge géint ee perséinleche Kleedungs- a Liewensstil.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Familljeministesch stellen:

 

  • Wéi eng Ulafplaze gëtt et hei zu Lëtzebuerg, nieft der Police, fir Leit déi Beleidegunge géint hier Persoun ausgesat ginn?
  • Ass op deene Plazen ee psychologesche Support garantéiert?
  • Wat ënnerhëlt d’Regierung fir dës Ulafplaze méi bekannt ze maachen?

 

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel

Deputéierten

Zréck