Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer d‘Schouluebst un den Här Landwirtschaftsminister an den Här Educatiounsminister weider ze leeden.
- Wéi eng Uebstzorte ginn am meeschten an d’Schoule geliwwert?
- Wéi eng Uebstzorte ginn am meeschte giess a wéi eng am mannsten?
- Gëtt et vill Gaspillage alimentaire beim Schouluebst ?
- Wa jo, wéi eng Uebstzorte sinn am meeschte betraff?
- Ass et méiglech d’Ausschreiwung fir d’Schouluebst esou ze formuléieren datt och méi kleng lokal Produzente kënne matmaachen?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Hetto-Gaasch Martine Hansen
Deputéiert Deputéiert
Zréck