Wéi eng Suitte kréien d‘Recommandatiounen, déi am Kader vun der Auswäertung vun den „Épreuves standardisés“ formuléiert gi sinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Wéi sinn d’Schüler zu Lëtzebuerg duerch d’Pandemie komm? Op dës an aner Froe liwweren d’Resultater an Erkenntnisser aus den „Epreuves standardisées“ 2021 Äntwerten. Doriwwer eraus ginn eng Partie Recommandatioune fir bestëmmten Aktivitéits- an/oder Problemfelder formuléiert.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen :

  • Wéi eng Suitte kréien d‘Recommandatiounen, déi am Kader vun der Auswäertung vun den „Épreuves standardisés“ formuléiert gi sinn?
  • Wat ass geplangt fir d’Kompetenzen am mëndlechen Däitschen fréizäiteg bei de Kanner ze fërderen?
  • Wat ass geplangt fir d‘„Compréhension de l’oral en allemand“ méi differenzéiert ze fërderen?
  • Wat ass geplangt, fir déi schrëftlech Kompetenzen am Däitschen ze fërderen?
  • Vu wéini un a bis wéini sollen dës Recommandatiounen ëmgesat ginn?
  • Ass eng Auswäertung dovu geplangt?
    • Wa jo, bis wéini?
    • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck