Wéi eng Moyen’en huet d’Police, fir ze kontrolléieren, dass och bei Manifestatiounen déi sanitär Reegelen agehale ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu Manifestatiounen an der Stad un de Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Et gi momentan an der Stad ëmmer méi Manifestatioune géint déi aktuell Corona-Mesuren. D’Demonstratiounsrecht ass ee wichtegen demokrateschen Acquis a muss och a Krisenzäite garantéiert ginn. Trotzdeem mussen och hei déi gängeg Reegelen agehale ginn. Laut verschiddenen rezente Meenungsbäiträg gi bei dëse Manifestatiounen awer  déi aktuell Reegelen a ‚Gestes barrières’gréisstendeels net agehalen an domat representéieren si e Risiko fir déi sanitär Situatioun am Land.

Ech wéilt dofir folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?
  • Wann jo, wéi geet d‘Police dogéint vir? Wat soll an Zukunft nach dogéint ënnerholl ginn?
  • Wéi eng Moyen’en huet d’Police, fir ze kontrolléieren, dass och bei esou Manifestatiounen déi sanitär Reegelen agehale ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck