Wéi eng Moossname gedenkt d’Regierung ze huelen, fir den Impakt vun der annoncéierter Präisexplosioun beim Gas op de Budget vu Privatleit a Betriber sou kleng wéi méiglech ze halen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës urgent Fro un d’Madamm Minister fir Finanzen an un den Här Minister fir Energie weiderzeleeden.

Laut de Fournisseure sollen d’Gas-Präisser zu Lëtzebuerg den Hierscht bekanntlech ëm 80 Prozent an d’Luucht goen. Den Impakt op déi entspriechend zukünfteg Rechnunge fir Privatleit a Betriber wäert substanziell sinn.

Am Kader vum Spuerpak vun 2014 war de reduzéierten TVA-Taux fir bestëmmte Produiten, dorënner och de Gas, ëm 2 Prozentpunkte vu 6 op 8 Prozent an d’Luucht gesat ginn – mat Effet op den 1. Januar 2015. Deen Taux ass hei am Land zanterhier onverännert. A wann de Gaspräis an d’Luucht geet, ginn och d’TVA-Recetten erop.

An aneren europäesche Länner gi weider Decisiounen am Interessi vu Leit a Betriber geholl, fir hir finanziell Belaaschtung ze reduzéieren.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Minister fir Finanzen an un den Här Minister fir Energie stellen :

  • Wéi eng Moossname gedenkt d’Regierung ze huelen, fir den Impakt vun der annoncéierter Präisexplosioun beim Gas op de Budget vu Privatleit a Betriber sou kleng wéi méiglech ze halen?
  • Wëssend, dass den europäesche Minimal-Taux bei 5 Prozent läit, ass d’Regierung gewëllt, de Spillraum beim reduzéierten TVA-Taux am Interessi vu Privatleit a Betriber auszenotzen?
    • Wa jo, wéi vill Prozentpunkten ass d’Regierung bereet beim Taux erofzegoen?
    • Wann net, firwat net?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Gilles Roth

Marc Lies

Zréck