Wéi eng Mesuren ginn op internationalem Plang geholl fir géint d’Déforestatioun virzegoen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu engem Bamprojet un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

D’Ofholzung vu Bëscher ass momentan e grousst Thema an de Medien. Et ass wichteg d’Déforestatioun an de Bëscher hei an Europa, mee och op anere Platzen op der Welt ze stoppen. An dem Kontext huet d’Universitéit Wien e Projet (https://www.lagamba.at/) am Costa Rica lancéiert, fir do mat Fërdermesuren e biologesche Korridor ze erschaffen an den Esquinas-Bësch virun der Ofholzung ze protegéieren. LuxDev kann an hirem Rapport vun 2018 schonn op véier Projet’en a Mëttelamerika verweisen, wou si sech mat Fierschteren aktiv géint d’Déforestatioun asetzen.

Dofir erlaabt mer, der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froen ze stellen:

Sinn der Ministesch dës Projet’en bekannt?
Wéi eng Mesuren ginn op internationalem Plang geholl fir géint d’Déforestatioun virzegoen?
Wier een ähnleche Projet wéi dee vun der Universitéit vu Wien eng Méiglechkeet? Ass eng Zesummenaarbecht vun der Regierung mat der Universitéit Lëtzebuerg an deem Kontext eng Optioun?
Wann jo, sinn do schonn Initiative geholl ginn?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck