Wéi eng Mesure wëll den Här Minister am Interessi vun de Leit mat ageschränkter Mobilitéit huelen, fir hinnen z‘erméiglichen, hir Aarbechtsplaz als „Salarié handicapé“ pénktlech kënnen z‘erreechen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Ëmmer erëm bekloen sech Leit, déi an hirer Mobilitéit ageschränkt an dowéinst op d’Servicer vum Adapto-Transport ugewise sinn, iwwer Verspéidungen, déi zanter der Reform méi dacks virkommen. Et geet rieds vu bis zu eemol pro Woch an tëschent 10 a 45 Minutte Retard fir de Wee op d’Schaff.

Am Kontext vun der Onzefriddenheet vun den Notzer vum Adapto-Transport, déi meescht och keng Alternativ hunn, wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Wat mécht den Här Minister, fir dës Verspéidungen ze verhënneren?
  • Wéi eng Mesure wëll den Här Minister am Interessi vun de Leit mat ageschränkter Mobilitéit huelen, fir hinnen z‘erméiglichen, hir Aarbechtsplaz als „Salarié handicapé“ pénktlech kënnen z‘erreechen?
  • Firwat gëtt et kee feste Roulement, fir den Transport op d’Aarbechtsplaz fir déi betraffe Leit méi zouverlässeg ze maachen?
  • D’Problemer beim Adapto-Service hunn och Konsequenzen op d’Fräizäitaktivitéite vun de betraffene Leit. Vill vun hinnen trauen sech net méi, eppes an hirer Fräizäit z’ënnerhuelen, well se fäerten, net méi heem ze kommen, well keen honnertprozentege Verlooss op den Adapto-Service ass. Wëssend, dass d’Participatioun um soziale Liewe fir Leit mat enger Behënnerung extrem wichteg ass, wéilt ech den Här Minister ofschléissend froen, wat hien am Allgemengen z’ënnerhuele gedenkt, fir den Adapto-Service zu enger zouverlässeger Offer fir d’Leit ze maachen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                                                                   Marc Spautz

Co-Fraktiounspresidentin                                                           Deputéierten

Zréck