Wéi eng Konsequenzen hat d’Covid-19 Pandemie fir Kriibspatienten, déi eventuell net konnte behandelt ginn?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.
An der akuter Phase vun der COVID-19 Pandemie ass jo e groussen Deel vun der medezinescher Versuergung ausgefall, aus dësem Grond wollt ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:
Wéi vill Kriibsoperatiounen a Behandlunge konnte wärend dem Confinement net stattfannen? Ass gewosst bei wéi vill Fäll dëst negativ Konsequenze haat?
Wéi goufen déi concernéiert Patienten dee Moment behandelt ?
Wéi eng Mesurë ginn en Place gesat fir ze verhënneren datt et an Zukunft nach emol zu esou Ausfäll vun absolut noutwendegen Operatiounen a Behandlunge kënnt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert

Zréck