Wéi eng Konditioune misste vun de Bauerenhäff erfëllt ginn, fir de Projet „Asino“ dierfe weiderlafen ze loossen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Zënter 2011 ass zu Lëtzebuerg am Kader vum Projet „Asino“ a vun der „Reitpädagogik“ op verschiddenen Häff am Land mat Ieselen a Päerd op therapeutesch Aart a Weis mat Kanner geschafft ginn. Mengen Informatiounen no sinn dës wäertvoll Aktivitéiten Ufank Mee vum Educatiounsministère gestoppt ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister déi entspriechend Decisioun confirméieren?
    • Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?
    • Wéi eng alternativ Méiglechkeete plangt den Här Minister en Place ze setzen, fir de betraffene Kanner weiderhin eng vergläichbar Offer ze bidde respektiv wéi eng Konditioune misste vun de Bauerenhäff erfëllt ginn, fir de Projet „Asino“ dierfe weiderlafen ze loossen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck