Wéi eng Gedenkzeremonien a Manifestatioune gi vun der Regierung fir de 75te Joresdag vum Ufank vun der Ardennenoffensiv organiséiert ?

Här Chamberspresident,
esou ewéi et am Artikel 83 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro iwwert de 75. Joresdag vun der Ardennenoffensiv un den Här Staatsminister weider ze leeden.

De 16. Dezember 2019 ass de 75. Joresdag vum Ufank vun der Ardennenoffensiv, e lescht grousst Opbeemen vum Nazi-Regim, bis an de Januar 1945 eran, wou den Norden an den Nordosten vum Lëtzebuerger Land ganz schlëmm betraff waren.
An dem Kontext géif ech dem Här Premier- a Staatsminister gär folgend Froe stellen :
Kann den Här Staatsminister mir bestätegen, ob a wéi eng Gedenkzeremonien a Manifestatiounen vun der Regierung organiséiert ginn, fir un dës lescht grouss Krichsgeschéien op lëtzebuerger Buedem ze erënneren a viru Krich, Krichsdreiwerei, nationalistescher a rassistescher Hetz ze warnen?

Mat déifstem Respekt,

Octavie Modert
Deputéiert

Zréck