Wéi eng Bildungsoffer bitt d‘„Université populaire“ zu Belval respektiv um Kierchbierg am Konkreten un?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Zanter 2021 regroupéiert d‘„Université populaire“ ënner hirem Daach Annexe vun den dräi groussen Acteure vum Lifelong Learning: de „Service de la formation des adultes“ (SFA), de „Centre national de formation professionnelle continue“ (CNFPC) an den „Institut national des langues“ (INL). Zil vun dëser sougenannter Vollekshéichschoul ass et, all ëffentlech Acteure vum liewenslaange Léieren zesummenzebréngen an esou eng Panoplie vu Konferenzen, Atelieren a Couren op verschiddene Plazen am Land unzebidden, aktuell zu Belval an um Kierchbierg, an deemnächst och – laut engem Zeitungsartikel – zu Bouneweg an zu Ettelbréck.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Wéi eng Servicer gehéieren nieft deenen uewe genannten Acteure vum Lifelong Learning nach zu der „Université populaire“?
  • Wéi eng Bildungsoffer bitt d‘„Université populaire“ zu Belval respektiv um Kierchbierg am Konkreten un?
  • Wéi eng Offer ass fir déi geplangten zousätzlech Annexen Ettelbréck an zu Bouneweg geplangt?
  • Gëtt et ënnerschiddlech Offeren op deene respektive Standuerter?
    • Wa jo, op Basis vu wéi enge Critèren ass d’Offer definéiert ginn?
  • Gëtt et doriwwer eraus nach Pläng fir weider Standuerter an anere Regioune vum Land?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck