Wéi eng Bänn vun der Broschür „Staark fir d’Liewen – prett fir däi Beruff“ si bis elo fäerdeggestallt a wéi eng stinn nach aus?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend  weiderzeleeden.

Um Site vum Script steet ze liesen, dass d’Aarbechten un der Broschür „Staark fir d’Liewen – prett fir däi Beruff“, déi a verschiddene Bänn erauskënnt a sech un d’Schüler vun der Beruffsausbildung adresséiert, 2021 hätte sollen ofgeschloss sinn. Zil vun dëser Broschür ass et, d’Schüler beim Léiere vum techneschen a professionelle Vocabulaire ënner Berécksiichtegung vun de Sujeten aus dem Enseignement général z’ënnerstëtzen.  Doriwwer eraus soll eng transversal Verbindung tëschent de Sproochen, der „Education physique“, der „Education à la citoyenneté“ an der „Education à la santé“ hirgestallt ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi eng Bänn vun der Broschür „Staark fir d’Liewen – prett fir däi Beruff“ si bis elo fäerdeggestallt a wéi eng stinn nach aus?
  • Gëtt dëst didaktescht Material konsequent an der Beruffsausbildung agesat?
    • Wa jo, a wéi enge Formatioune kënnt dat Material zum Asaz a wéi gesäit déi praktesch Ëmsetzung aus?
    • Wann net, firwat net?
  • Ass virgesinn, a verschiddene Formatioune vun der Beruffsausbildung nieft dem Däitschen an dem Franséischen och Englesch unzebidden?
    • Wa jo, ënner wéi enger Form a vu wéini un?
    • Wann net, firwat net?
  • Wier et méiglech, e Sproochemodul unzebidden, bei deem déi dräi genannte Sprooche behandelt ginn?
  • Ganz allgemeng, ass virgesinn, de Sproochenunterrecht an der Beruffsausbildung ze reforméieren?
    • Wa jo, no wéi enge Krittäre soll déi Upassung geschéien a wat soll konkret geännert ginn?
    • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

 

Zréck