Wéi eng Auswierkungen hunn déi geplangte Kierzunge vun den EU-Direktbäihëllefen op d’landwirtschaftlech Betriber zu Lëtzebuerg?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Landwirtschaft weiderzeginn.

De 16. Juli huet d’Europäesch Kommissioun de Budget fir den Zäitraum vun 2028 bis 2034 virgestallt. Wéi aus den Ausféierunge vum EU-Agrarkommissär Christophe Hansen ervirgeet, soll de Budget fir d’Gemeinsam Agrarpolitik (GAP) op 300 Milliarden Euro festgesat ginn. Dëst stellt eng Reduktioun vu ronn 87 Milliarden Euro par Rapport zum Budget 2021–2027 duer, wou 387 Milliarden Euro virgesi waren. Des Weideren huet den EU-Agrarkommissär erkläert, datt d’Direktbäihëllefen, déi flächebaséiert sinn, an Zukunft degressiv no Betribsgréisst solle berechent ginn. Fir Betriber, déi manner ewéi 20.000 Euro d’Joer Direktbäihëllefe kréien, soll sech näischt änneren. Betriiber, déi tëschent 20.000 a 50.000 Euro kréien, musse mat engem Minus vu 25 Prozent rechnen, tëschent 50.000 a 75.000 Euro ass eng Kierzung vu 50 Prozent geplangt. Bei Betriber mat Direktbäihëllefen an Héicht vu méi wéi 75.000 Euro sinn et 75 Prozent manner. An dem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen.

  • Wéi vill Betriber falen hei zu Lëtzebuerg bei de geplangte Kierzungen ënnert déi eenzel Kategorien?
  • Wéi vill Prozent vun der aktueller gesamter flächebezunnener Direktbäihëllef géing no dem virgestallten Modell nach ausbezuelt ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jeff Boonen,

Deputéierten

Zréck