Wéi eng Alternativen zu glyphosathalteg Produite gi momentan vun der CFL benotzt? Sinn des chemescher oder physikalescher Natur?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu glyphosathalteg Produite bei der CFL un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

Op meng parlamentaresch Fro N° 3284 vum 11 Dezember 2020 huet den Landwirtschaftsminister gesot, dass un asazfäegen Alternativen zu glyphosathalteg Produite bei der CFL géif geschafft ginn. Leider krut ech keng wieder Prezisiounen zu dësen Alternativen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Wéi eng Alternative gi momentan vun der CFL benotzt? Sinn des chemescher oder physikalescher Natur?

  1. Wann et chemesch Produite sinn, wéi eng Produite sinn dat genau a firwat ass de Choix doropper gefall?
  2. Wéi ass de Stand bei physikaleschen Alternativen, z.B. dem Offlamen? Ginn dës och berécksiichtegt oder souguer ugewannt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck