Wéi ee Potential gesäit d’Regierung an de Waasserstoffautoen? Ginn et sougenannte Waasserstofftankstellen zu Lëtzebuerg?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 340

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Energieminister weider ze leeden.

Och wann d’Elektroautoen als ëmweltfrëndlech Alternativen zu de Verbrennungsmotoren ugesi ginn, esou si vill Experten der Meenung, datt Waasserstoffautoen, déi komplett emissiounsfräi fueren, d’Zukunft vun der Automobilindustrie duerstellen.

Waasserstoffautoe sinn an sech Elektroautoe mam Ënnerscheed datt den Elektromotor net duerch eng Batterie mee duerch eng Brennstoffzell ugedriwwe gëtt. An dëser Brennstoffzell suergt ech chemesch Reaktioun tëscht Waasserstoff a Sauerstoff fir Stroum an dee gëtt dann un de Motor weidergeleet.

Waasserstoff ass e proppere Kraaftstoff deen am Moment nach zu 70 Prozent aus Äerdgas hiergestallt gëtt, an Zukunft awer komplett aus erneierbaren Energië kann hiergestallt ginn. Am Géigesaz zu engem konventionellen Elektroauto, kann e Waasserstoffauto an dräi bis fënnef Minutten opgetankt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi ee Potential gesäit d’Regierung an dëse Waasserstoffautoen?
  • Ginn et sougenannte Waasserstofftankstellen zu Lëtzebuerg?
  • Wa jo, wéi vill?
  • Wann nee, gedenkt d’Regierung dës Technologie ze fërderen an dofir ze suergen datt Waasserstofftankstellen zu Lëtzebuerg opmaachen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck