Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
D’Sécherheet an d’Wuel vun de Kanner an eisem Land musse fir all staatlech an zivilgesellschaftlech Acteuren eng absolut Prioritéit duerstellen. Et ass d’Grondverantwortung vun enger demokratescher Gesellschaft, all Kand géint Gewalt, Mëssbrauch, Vernoléissegung oder all aner Form vu Gefährdung ze schützen – a besonnesch dann, wann d’Kand selwer net an der Lag ass, sech ze schützen oder seng Rechter geltend ze maachen.
Déi rezent Affär aus der Press ëm d’Verurteelung vun engem Member aus engem Conseil d’administration vun enger Federatioun, déi am Kontakt mat Kanner a Jugendlecher steet, huet net nëmmen e Schock an der ëffentlecher Meenung ausgeléist, mee och ganz legitim Froen opgeworf iwwert d’Effizienz an d’Kohärenz vun de Sécherheets- a Kontrollmechanismen, déi am Moment existéieren. Dës Affär rifft net nëmmen nom Verständnis vum Fall selwer, mee och no enger kritescher Reflexioun iwwer déi aktuell Instrumenter, déi dozou déngen, Kanner virun harm ze schützen.
Gutt Intentiounen am Jugendschutz duerfen net vu Struktur- oder Kommunikatiounslücken iwwerlagert ginn. Et muss sécher gestallt ginn, dass all relevant Informatioun tëscht den zoustännege Servicer wéi dem SCAS dem ONE an anere betraffene Strukturen effizient ausgetosch gëtt, dass Signaler vu Kindeswohlgefährdung erkannt a korrekt evaluéiert ginn, an dass och konsequent gehandelt gëtt – och am Zweifel fir d’Wuel vum Kand.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch an un den Här Educatiounsminister stellen:
- Wéini a wéi ass den ONE iwwer dëse konkrete Fall informéiert ginn? Falls den ONE net informéiert gouf, wat sinn d’Ursaache fir dës Ëmstänn?
- Wéi eng Hëllefsmoossname huet de SCAS an deene leschte Joer getraff? Wéi eng Hëllefsmoossname wieren, am Kontext vum besote Fall, vum dem ONE missten ergraff ginn? Wéi bewäerten déi zwou Instanzen hir Responsabilitéit an dëser Affär?
- Wéi definéiere béid Instanzen, SCAS an ONE d‘Kindeswohlgefährdung? Ginn et kloer Richtlinnen, déi fir hir Interventioune gëllen?
- Wéi eng konkret Hellëfsmoossname ginn dem Kand an/oder senger Famill zougestane fir de Schutz vum Kand ze garantéieren? Wat sinn d’Krittären, déi dozou féieren, dass e Kand trotz Unzeeche vun Kindesmëssbrauch net aus sengem Familljemilieu geholl gëtt? Kennen d’Ministeren erläuteren duerch wéi eng Ursaachen d’Kanner an deene leschten 6 Joer placéiert gi sinn?
- Dëse Fall deit dorop hin, dass et am aktuelle System strukturell Schwächten a Koordinatiounsproblemer gëtt. Wéi stinn d’Ministeren zu der Iddi, op Basis vun dësem konkrete Fall eng wëssenschaftlech Etude de cas auszeschaffen, déi zu enger kritescher a konstruktiver Evaluatioun vum aktuelle Schutzsystem bäidroe kéint, wëssend dass aktuell un enger Reform vum Jugendschutz geschafft gëtt?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Députéierten
Zréck