Wéi ass Situatioun vun der Altersaarmut bei de Fraen zu Lëtzebuerg ?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

 

Rezent Zuelen aus Däitschland weisen, dass bei hinnen vill Fraen duerch hier niddreg Pensioune riskéieren an d’Aarmut ze falen, och wann se 40 Joer an engem Vollzäit-Beruff geschaaft hunn.

 

Wëssend, dass de lëtzebuerger Pensiounssystem mat zu de generéiste weltwäit gehéiert an dofir wuel manner Leit vun der Altersaarmut betraff sinn, géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:

 

  • Wéi ass Situatioun vun der Altersaarmut zu Lëtzebuerg bei de Fraen?
  • Ginn et Moossname fir spezifesch Fraen am Pensiounsalter ze ënnerstëtzen?
  • Wann jo? Wei eng sinn dat?
  • Wéi eng Mesure gi vum Staat geholl fir generell géint d’Altersaarmut virzegoen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt

Deputéiert

 

 

 

 

Zréck