Wéi ass fir d’Regierung generell de Stellewäert vun der non-formaler Bildung am Beräich vun der Jugend ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert déi non-formal Bildung am Beräich vun der Jugend un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

D’Jugendaarbecht zu Lëtzebuerg baséiert op de pedagogesche Prinzipie vun der non-formaler Bildung an ass e wichtege Pilier an der perséinlecher a sozialer Entwécklung vun de Jonken.

Am Norde vum Land ass Nordstadjugend a.s.b.l. an 12 Gemengen responsabel fir déi regional Vernetzung a Koordinatioun vun der Jugendaarbecht an den Nordstadgemengen an doriwwer eraus. Mat verschiddene Servicer, déi sech u Jonker am Alter tëscht 12 a 26 Joer riichten, droen si de Besoine vun deene Jonke Rechnung a suergen derfir hiert Wuelbefannen ze erhalen an ze verbesseren. Noutwendegkeet déi Jugendlech do opzefänke wou se grad stinn, ass no der Pandemie an an dësen Zäite vun diverse Krisen onëmgänglech.

An dësem Kontext war geplangt d’Offer vum Service vum „Jugendinfopunkt“ (JIP), deen och Süden an am Zentrum vum Land funktionéiert, weider auszebauen. E Konzept gouf zesumme mam Ministère ausgeschafft an och guttgeheescht. Laut mengen Informatiounen, hätt de Ministère aus budgetäre Grënn awer elo decidéiert dem JIP déi néideg personnal-teschnesch Ënnerstëtzung net zoukommen ze loossen. Dëst nodeems Viraarbechten zesumme mat de Vertrieder vum Ministère de Projet sprochräif opgestallt hunn.

Och de Projet vum „Nordstad Streetwork“, der opsichender Jugendaarbecht, deen am am Joer 2023 sollt lancéiert ginn a wou zwee „Outreach Youthworker“ sollten an den Asaz komme fir déi Jugendlech nach besser do opzefänke wou se sech grad befanne wier fir 2023 gestrach ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann den Här Minister des Informatioune bestätegen?
  • Wat sinn déi konkret Grënn, dass déi uewegenannte Projet’en vum Ministère nächst Joer net zousätzlech ënnerstëtzt ginn?
  • Handelt et sech em en Eenzelfall oder gëtt generell am Beräich vun der non-formaler Bildung bei neie Projet’en gespuert?
  • Wa jo firwat gëtt net zousätzlech an dëse Beräich vun der non-formaler Bildung investéiert?
  • Wei ass fir Regierung generell de Stellewäert vun der non-formaler Bildung am Beräich vun der Jugend ?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Paul Schaaf

Zréck