Wéi ass et méiglech, dass dee concernéierte Beamten nach bis haut President vum SEBES ass, wou hien de Statuten no den Inneministère vertrëtt, bei dem hien awer scho länger Zäit net méi schafft?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu engem politesche Beamten un d´Madamm Inneministesch an den Här Sportminister weiderzeleeden.

An engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 22. November 2022 gëtt ënnert der Iwwerschrëft „Das Schicksal eines politischen Schützlings“ d´berufflech Karriär vun engem héije Beamten, dee fréier am Inneministère war, ënnert d´Lupp geholl. An der Karriär ginn et dësem Artikel no eng ganz Partie Ongereimtheeten. Weiderhin hätten et och vill Problemer an de Relatiounen tëschent dem Beamten a verschiddenen Acteuren (e.a. dem COSL a verschiddene Federatiounen) aus der Sportswelt ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch an den Här Minister riichten:

  • Wéi ass et méiglech, dass dee concernéierte Beamten nach bis haut President vum SEBES ass, wou hien de Statuten no den Inneministère vertrëtt, bei dem hien awer scho länger Zäit net méi schafft?
  • Aus wéi enge Grënn ass dee selwechte Beamten 2020 zum President vun der Coque ernannt ginn, obwuel et dem Gesetz vun der Coque no eng Incompatibilitéit gëtt?
  • Kënnen d´Madamm an den Här Minister d´Informatioune confirméieren, dass et tëschent dem besote Beamten an Acteuren aus der Sportswelt Problemer gi sinn ? Wéi hunn sech dës Relatiounen ënnert der Nofollgerin entwéckelt? Ginn dës Acteure proaktiv kontaktéiert, fir erëm eng besser Relatioun hierzestellen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Jean-Marie Halsdorf

Georges Mischo

Zréck