Wéi ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu engem Verbuet bei Neizouloossung vun Autoe mat Verbrennungsmotoren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur Neizouloossung vun Autoe mat Verbrennungsmotoren un den Här Mobilitéitsminister weider ze leeden.

An deene leschte Méint hunn weltwäit verschidden Natiounen ugekënnegt Neizouloossunge vun Autoe mat engem Verbrennungsmotor ab engem bestëmmten Datum ze verbidden. Sou wëllen d’Hollänner schonn 2030 an d’Fransousen 2040 dësen Ausstig gepackt hunn, fir nëmmen des Länner ze nennen. Souguer am Autoland Bayern huet de Ministerpresident lautstaark iwwert en Verbuet bei den Neizouloossungen ab 2035 geschwat, nodeems Kalifornien dësen Austrëttsdatum genannt huet. Souguer eenzel Autoshiersteller hunn sech scho vum Verbrennungsmotor verabschit. Sou huet Volvo scho säit 2019 opgehalen nei Verbrennungsmotoren ze entwéckelen a wäert Schrëtt fir Schrëtt aus dem Verkaf vu sou Motoren erausklammen. Och wann ee well d’Klimaneutralitéit zu Lëtzebuerg bis 2050 erreechen, ass esou en Austrëttsdatum wichteg. Dobäi ass et och zentral, dass wann d’Regierung esou eppes plangt, dass dat mat Transparenz geschitt fir d’Akzeptanz bei de Leit ze erhéijen an gläichzäiteg hinnen d’Méiglechkeet gëtt sech doropper anzestellen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu engem Verbuet bei Neizouloossung vun Autoe mat Verbrennungsmotoren?
  • Plangt d’Regierung esou ee Verbuet a wann jo ab wéini ass sou ee Verbuet geplangt?
  • Wann nee, wat sinn d’Grënn fir des Entscheedung?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles                                                          Jean-Paul Schaaf

Deputéierten                                                       Deputéierten

Zréck