Wéi ass déi aktuell Positioun vun der Regierung par Rapport zum Verdeele vun de Iodpëllen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu de Iodpëllen un d’Madamm Inneministesch an d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Duerch de Konflikt an der Ukrain an déi domat verbonne Bedreeung duerch Russland maache vill Leit sech Suerge virun engem atomaren Ugrëff. Iod-Pëlle kënne virun atomarer Stralung an der Schilddrüs schützen. An enger Circulaire zum Zenario vun engem méiglechen Atomaccident vum 29. September 2014 hat den deemolegen Inneminister d’Gemengen opgefuerdert, zu all Moment de Bierger Iodpëllen zur Verfügung ze stellen, wann déi se froen. Dëser Deeg si vill Leit, déi op de Gemengen uechtert Land no esou Pëlle froen.  Elo  awer gëtt d’Santé de Message eraus, fir keng sou eng Pëllen ze verdeelen.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech der Regierung folgend Froe stellen:

  • Wéi ass déi aktuell Positioun vun der Regierung par Rapport zum Verdeele vun de Iodpëllen?
  • Ass déi Circulaire vun 2014 nach en Vigueur ?
  • Gedenkt d’Regierung, de Gemengen an enger Circulaire allgemeng gülteg Informatiounen zu der Distributioun vun de Pëllen ze ginn? Wa jo, wéi sollen dës Recommandatiounen ausgesinn? Wann nee, firwat net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck