Wéi ass d’Beruffsbild vum „DAP Education“ definéiert ? Wéi vill Schoule wäerten den „DAP Education“ ubidden ?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Op der traditioneller Rentréespressekonferenz, den 13. September 2021, huet den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend déi nei Ausbildung „DAP Education“ an der Formation professionnelle ugekënnegt. Dës gouf den 3. Mee 2022 méi genau presentéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Wéi ass d’Beruffsbild vum „DAP Education“ definéiert ? Laut dem Informatiounsflyer „DAP Education – Meng Ausbildung, Meng Passioun“ kann ee mat dëser Ausbildung a Betreiungsstrukture schaffen, zum Beispill Maison-Relaisen oder Crèchë fir Kanner vun 0 bis 4 a vu 4 bis 12 Joer, donieft och a sozial-pedagogesche Strukture fir Jugendlecher. Kann den Här Minister dëst confirméieren ?
  • Am Accord, deen den Här Minister zesumme mat der CGFP de 16. November 2021 ënnerschriwwen hat, gouf festgehalen, dass den „DAP Education“ och an de „Centres de compétences“ intervenéiere géif. Dëst fënnt een an deem uewe genannte Flyer net erëm. Kann den Här Minister bestätegen, dass dëst de Fall ass?
  • Wann den „DAP Education“ och an de „Centres de compétences“ agesat ka ginn, a wéi enge Fächer ginn d’Schüler virbereet, fir am Inklusiounssecteur ze schaffen?
  • Wéi vill Schoule wäerten den „DAP Education“ ubidden ?
  • Sinn d’Admissiounen zueleméisseg begrenzt? Wa jo – Wéi vill Schülerinnen a Schüler wäerte maximal pro Schoul ugeholl ginn ?
  • Wann ee Schüler oder eng Schülerin den „DAP Education“ gepackt huet, wéi eng zousätzlech Ausbildungsperspektiven huet dës Persoun dono ? Ginn do Passerellen ugebueden, wéi zum Beispill eng fir dono de Beruff vum „Educateur diplômé“ ze léieren ?
  • Laut der „Grille d’horaires“ ass den „DAP Education“ als „plein temps“ mat Stage virgesinn, firwat ass bei dëser Ausbildung net de „Régime concomitant“ gewielt ginn ?
  • Si genuch Ausbildungsbetriber fir d‘Stage bereet, déi di néideg Bedingungen erfëllen ?
  • Hunn d’Lycéeën dat néideg Personal fir dësen DAP z‘enseignéieren ? Wéi eng spezifesch Enseignantë gi gebraucht ?
  • Fir d’Vakanzenaktivitéiten kann an de Maison Relaisen op Schüler a Studenten zeréckgegraff ginn, déi am Besëtz vun engem Brevet „Aide-Animateur – Niveau A“ sinn. Dëst ënnert der Opsiicht vum „Personnel d’encadrement“. Gehéiert eng Persoun mat engem ofgeschlossenem „DAP Education“ och zum „Personnel d’encadrement“ ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck