Ween huet sech an de vergaangene Joren em d’Asammele vum Hecken-, Bam- a Strauchschnëtt respektiv dem Siloplastik bekëmmert?

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un Madamm Minister fir Ëmwelt an un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeleeden.

Laut mengen Informatioune wier d’Asammele vum Hecken-, Bam- a Strauchschnëtt, am Géigesaz zu de leschte Joren, zur Zäit nach net ugelaf. Dës Situatioun wier dem Ëmstand geschellt, dass keng Ausschreiwung gemaach gi wier. Och wäert dëst Fréijoer aus dem selwechte Grond keng Siloplastiksammlung si mä wuel réischt am Hierscht.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Minister fir Ëmwelt an un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stellen.

  • Kann Regierung déi uewegenannten Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, firwat si weder den Heckeschnett nach Siloplastiksammlung ausgeschriwwe ginn?
  • Wéini ass virgesi souwuel den Heckeschnett wéi och de Siloplastik anzesammelen?
  • Ween huet sech an de vergaangene Joren em d’Asammele vum Hecken-, Bam- a Strauchschnëtt respektiv dem Siloplastik bekëmmert?
  • Wat gëtt gemaach datt et an Zukunft net méi zou sou enger Situatioun kennt?

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen
Deputéiert

 

Zréck