Weder fir d’Schüler, nach fir d’Leit, déi un de Weiderbildungscoursen deelhuelen, si Parkplaze beim Lycée technique agricole (LTA) zu Gilsdref virgesinn. Ass den Här Minister sech de Gefore bewosst, déi sech duerch de feelende Parking fir d’Schüler vum LTA erginn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Beim Lycée technique agricole (LTA) zu Gilsdref gëtt et e Parking mat 100 Plazen fir d’Enseignanten, dat technescht an dat administratiivt Personal, d’Visiteuren an d‘Fournisseure vun der Schoul. Weder fir d’Schüler, nach fir d’Leit, déi un de Weiderbildungscoursen deelhuelen, si Parkplaze virgesinn. A bei der Ubannung vun der Akerbauschoul un den ëffentlechen Transport wier och nach villes ze verbesseren.

A wéi aus der Äntwert op d’Question parlementaire Nummer 5256 ervirgeet, ass den Här Minister och an Zukunft net gewëllt, eng adequat Léisung fir déi spezifesch Situatioun vum Lycée technique agricole a senge Schüler, déi aus dem ganze Land op Gilsdref kommen, ze proposéieren: Et […] „gi fir den LTA  déi selwecht Kritären ugewand wéi bei anere Schoulgebaier am Land an et gi keng Parkplaze fir Schüler virgesinn“.

D’Resultat dovun ass, dass weiderhi vill Schüler an och Leit aus de Weiderbildungscoursen mam Auto op Gilsdref (musse) kommen a mangels engem Parking um Terrain vum Lycée ausserhalb no enger Ofstellméiglechkeet fir hiert Gefier musse sichen. Laut mengen Informatiounen parken doduerch nach ëmmer vill Autoe laanscht d’Haaptstrooss, wou ausserdeem keen Trottoir ass, deen d’Foussgänger kéinte benotzen. An der Praxis bedeit dat, dass dës Leit iwwer d’Strooss mussen trëppelen a se sech doduerch engem zousätzleche Risiko aussetzen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen :

  • Ass den Här Minister sech de Gefore bewosst, déi sech duerch de feelende Parking fir d’Schüler vum LTA erginn ?
  • Wat gedenkt den Här Minister z’ënnerhuele, fir dëse Risiko z’evitéieren an d’Sécherheet vun de Schüler an de Leit aus de Weiderbildungscoursen, déi mam Auto kommen, ze verbesseren ?
  • Mat Bléck op dës Geforen a Risiken, deenen déi betraffe Leit ausgesat sinn, ass den Här Minister net awer gewëllt, Parkraum fir si um Site vum LTA ze schafen ?
    • Wa jo, wéi vill Parkplaze si geplangt a bis wéini sollen déi gebaut sinn ?
    • Wann net, wéi argumentéiert den Här Minister seng Retizenz ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

 

 

Zréck