Wat wëll d’Regierung maachen, fir déi denkmalgeschützte Kalléksiewen zu Rëmeleng ofzesécheren a laangfristeg ze erhalen?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturministesch weiderzeleeden.

Ufank Abrëll ass zu Rëmeleng d’Stëtzmauer bei den ale Kalléskiewen zum Deel zesumme gebrach. De Problem war zanter Jore bekannt. Op der enger Säit ass elo d’Stabilitéit vun der Rue la Bruyère, den eenzegen Zougang zur Cité Kiirchbierg, a Gefor. Ausserdeem kéinten d‘Kalekiewen, déi zanter 1988 ënner Denkmalschutz stinn an trotzdeem an engem relativ schlechten Zoustand sinn, weider Matleedenschaft gezu ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Kulturministesch stellen:

  • Wat wëll d’Regierung maachen, fir déi denkmalgeschützte Kalléksiewen zu Rëmeleng ofzesécheren a laangfristeg ze erhalen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt de Site vun de Kalléksiewe laangfristeg muss revaloriséiert ginn?
    • Wa jo, ginn et scho Pistë fir e Revaloriséierungsplang?
  • Ass d’Regierung bereet, d‘Gemeng Rëmeleng bei der Sanéierung vun der Stëtzmauer ze ënnerstëtzen, fir dat de Site vun de Kalléksiewe kann op Dauer ofgeséchert ginn?
    • Wa jo, wéi gesäit des Hëllef genee aus?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz,

Deputéierten

Zréck