Wat wëll d’Regierung maachen fir dass méi Organer kënne gespend ginn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 561

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Et war rezent aus der Presse gewuer ze ginn, datt et 2018 just 7 Organspenden am Grand-Duché goufen an datt 4 Patiente gestuerwe sinn, well se kee Spenderorgan kruten. Potentiell hätten 2018 wuel 30 Organspende kënne gemaach ginn.

Laut dem Gesetz vun 1982 ass all Mënsch dee Gehirdoud ass, Organspender, ausser wann hien zu Liefzäiten explizit uginn hätt dat net ze wëllen. De Responsabele vu Protransplant no, wier d’Reglement iwwert d’Organspenden aus dem Joer 2018 net kloer genuch, well d’Spideeler net gezwonge wiere Referenten ze designéieren déi kontrolléieren ob e Patient dee Gehirdoud ass, och Organspender ass oder net.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Gedenkt d’Regierung dat bestoend Reglement an deem Sënn ze änneren datt d’Spideeler obligatoresch Referente mussen designéieren? Gesäit d’Prozedur fir datt d’Famill an all Fall kontaktéiert gëtt fir erauszefannen ob de Patient säi Refus fir Organspenden ausgedréckt hat?
  • Wat fir eng aner konkret Mesurë gedenkt d’Regierung an de Spideeler ze huele fir datt sécher gestallt ass, datt Patienten déi hir Organer wëlle spenden, dëst och am Fall vum Doud maachen?
  • Hunn d’Sensibiliséierungscampagnen aus der Vergaangenheet eng Hausse vun den Organspende mat sech bruecht?
  • Wier et net sënnvoll en zentraliséierte Fichier ze schaffen an deem d’Leit sech kënnen als Organspender androen an op deen dono all d’Spideeler kënnen zréckgräifen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt épouse Kemp

Deputéiert

Zréck