Wat wëll d’Regierung maache fir d’Waasserkraaft als alternativ Energiequell nach besser ze notzen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Waasserkraaft un den Här Minister fir Energie weider ze leeden.

An engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 22. August 2019 gëtt op d‘Viirdeeler an d’Stäerkte vun de Wandmillen, déi mat Waasserkraaft bedriwwe ginn, higewisen. Si lafen de ganzen Dag a produzéiere permanent Stroum. Trotzdeem bleift dës Aart vu Stroumproduktioun zu Lëtzebuerg eng Nisch. De Stroumproduzent CREOS well all d’Leit, déi d’Méiglechkeet hunn, ermontere fir e Mikro-Waasserkraaftwierk unzeschafen. All alternativ Methode fir Stroum ze produzéieren si sënnvoll a sollten ausgereizt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

Wéi vill där Waasserkraaftrieder ginn et aktuell am Land? Wéi eng Kapassitéit u Stroum kënnen si insgesamt produzéieren?
Wéi vill al Millen, déi ee kéint nei a Stand sëtzen, ginn et nach? Wéi eng Kapassitéiten u Stroum hunn dës Millen?
Huet den Här Minister wëlles, an Zukunft weider Ureizer ze schafe fir méi sou Anlagen an d’Land ze kréien? Wann jo, wéi eng?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck