Wat waren d‘Ursache fir déi gréisser Stroumpannen am Norde vum Land vum 1. respektiv 8. Januar 2023?

 

Här President,

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie weiderzeleeden.

An de leschten 8 Deeg koum et am Norde vum Land zu gréissere Stroumausfäll. Net méi spéit wei gëschter Owend waren insgesamt 5 Gemenge betraff. Sou war an Deeler vun der Gemeng Wëntger fir ongeféier 157 Minutte kee Stroum. Zu Woltz waren et 161 Minutten an zu Wal, Groussbus an Esch-Sauer huet et 31 Minutte gedauert bis de Stroum erëm do war. An der Gemeng Esch-Sauer gouf et och schonns op Neijoerschdag eng Pann déi eng knapps Stonn laang gedauert huet.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Energie stellen:

  • Wat waren d‘Ursache fir déi gréisser Stroumpannen am Norde vum Land vum 1. respektiv 8. Januar 2023?
  • Wat gëtt ënnerholl fir de Risiko vun esou grousse Stroumpannen ze minimiséiere?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck