Wat sinn Grënn déi den Austausch vun Informatiounen tëscht dem SIGI an dem Logementsministär aktuell net erlaben ?

 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden.

 

De « Syndicat Intercommunal de gestion informatique (SIGI) » ënnerstëtzt Gemengen iwwert hier Plattform SIGINOIVA an der digitaler Ëmsetzung vun de verschiddenen administrative Prozesser am Pacte Logement 2.0 dee säit dem Joer 2021 a Kraaft ass.

 

Duerch des Plattform soll den Austausch vun Informatiounen an d’Kollaboratioun tëscht de verschiddenen Acteuren déi um Logements-Prozess bedeelegt sinn (Gemengen, Ministère du Logement, etc) vereinfacht an optimiséiert ginn.

 

Laut mengen Informatioune ginn et awer Problemer beim Remboursement vu Rechnungen u Gemenge well de SIGI déi néideg Informatiounen iwwert hier Plattform SIGINOIVA net un de Logementsministär iwwermëttelt kritt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Wunnengsbauminister stellen.

  • Kann den Här Minister des Informatioun bestätegen ?

 

  • Wat sinn Grënn déi den Austausch vun Informatiounen tëscht dem SIGI an dem Logementsministär aktuell net erlaben ?

 

  • Wéini ginn des Problemer behuewen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck