Wat sinn d’Resultater vun der technescher a wirtschaftlecher Analyse vum Biogas Secteur?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Aspeisetariffer bei de Biogasanlagen un den Här Energieminister weider ze leeden.

Biogasanlage sinn en wichtege Bausteen an der Lutte géint de Klimawandel. Sou konnte laut der Biogasvereenegung dëst Joer 17 Biogasanlagen 18.000 Stéit mat Stroum versuerge, wouduerch 9,8 Millioune Liter Mazout konnte gespuert ginn. Leider hellt d’Zuel vun de Biogasanlagen di am Betrib sinn an deene leschte Joren awer of: Sou si vun den 29 Biogasanlagen di nach 2017 am Asaz waren der nëmmen nach 16 iwwreg bliwwen. Haaptgrond fir dëse Réckgang si laut dem Secteur vum Biogas d’Penalitéiten di an de Kontrakter géifen dra stoen: „du hues deng Obligatioun net erfëllt, du muss en Deel vun dengem Subsid zréckbezuelen“.

Den Energieminister huet doropshin annoncéiert, dass dëse Bedenke beim Opsetze vun neie Verträg mat Biogasanlage Rechnung gedroe ginn ass, an dass z.B. sou Obligatiounen do net méi géifen dra stoen. Dës gëllt awer nëmme fir nei Anlagen/Verträg an net fir di bestoen Anlagen, di weider di virgeschriwwe Quoten (bzgl. der elektrescher Leeschtung an der Stroumproduktioun) mussen erreeche fir vu besseren Aspeisetariffer kennen ze profitéiere.

Weider huet de Minister fir Energie, an awer och de Minister fir Landwirtschaft an deene leschte Jore gesot, dass de Secteur vum Biogas enger grondleeënder technescher a wirtschaftlecher Analyse ënnerzu soll ginn.

An deem Kontext wéilten mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Denkt de Minister och deene bestoenden Anlagen di ënnert de Penalitéite leiden ze hëllefen?
  2. Wa jo, a vue vun der Urgence, wéi gedenkt de Minister ze reagéiere fir dës Situatioun esou séier wei méiglech ze änneren?
  3. Wat sinn d’Resultater vun der technescher a wirtschaftlecher Analyse vum Biogas Secteur?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                      Octavie Modert

Deputéierten                                                                           Deputéierten

Zréck