Wat sinn d’Konklusioune vun der “Ukraine Culture Conference” ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weiderzeleeden.
Vum 31. Januar bis den 2. Februar 2025 war d‘Lëtzebuerger Regierung mam Kulturminister Eric Thill bei der “Ukraine Culture Conference” vertrueden. Op der Konferenz goung et em d‘Wichtegkeet vun der Kultur an der Défense vun der Ukrainescher Identitéit an de gemeinsamen europäesche Wäerter, awer och ëm d’Stäerkung vun der kultureller Resilienz an dem Neesopbau vun der zerstéierter Kultur an der Ukrain.
Dofir hunn ech follgend Froen un den Här Kulturminister:
Wat sinn d‘Conclusiounen vun der Lëtzebuerger Regierung vun dëser wichteger Konferenz?
Vu dat Lëtzebuerg aktuell d’Présidence vum Ministesch-Comité vum Conseil de l’Europe huet, wei kann d‘Lëtzebuerger Regierung do hëllefen an dëse Sujet thematiséieren?
An der Deklaratioun vun der “Ukraine Culture Conference” geet riets vun engem “Fonds pour le Patrimoine ukrainien pour soutenir la restauration et la préservation du Patrimoine culturel ukrainien”. Kann den Här Kulturminister mir dozou méi Erklärunge ginn?
Den Här Kulturminister haat bei där Geleeënheet och eng bilateral Reunioun mat sengem ukraineschen Homolog iwwert d‘Méiglechkeete vun enger Kooperatioun: Wei ka Lëtzebuerg do hëllefen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Maurice Bauer, Deputéierten

Zréck