Wat sinn d’Grënn a wat fir Konsequenzen huet den Depart vun de Kardiologen fir den CHdN?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

No Berichter an de Medien wëllen am Centre hospitalier du Nord (CHdN) 6 Kardiologen kënnegen.  An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Kann d’Regierung des Informatiounen confirméieren?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn a wat fir Konsequenzen huet den Depart vun de Kardiologen fir den CHdN?
  • Ass d‘Prise en charge vun de Patienten garantéiert?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Claude Wiseler

Deputéierten

Zréck