Wéini mussen d’Baueren bei Ëmbauaarbechten oder enger Opstockung vum Véibestand eng Impaktstudie maachen ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Laut Berichter aus de Medien sinn am Juli verschidde Baueren, déi hier Ställ wëllen ëm- respektiv ausbauen, vum Ëmweltministère opgefuerdert ginn, eng Rei Impaktstudien maachen ze loossen. Eisen Informatiounen no verlaangt den Ëmweltministère och bei enger Opstockung vum Véibestand eng Impaktstudie. De Ministère verweist dobäi drop, dat all Erhéijung vum der Unzuel u Béischten en negativen Impakt op d’Ëmwelt hätt, well de Betrib an deem Fall „des unités d’engrais importantes“ géif generéieren.  De Ministère berifft sech dobäi op d’Naturschutzgesetz vun 2018.

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Kënnt Dir bestätegen, dat den Ëmweltministère eenzel Baueren am Juli opgefuerdert huet, am Kader vun engem Ëm- oder Ausbau vun hire Gebaier zousätzlech Impaktstudien ze maachen?
    • Wa jo, wat fir Iwwerleeungen hunn derzou gefouert, dat dës Studien grad zu deem Zäitpunkt verlaangt ginn sinn?
  • Huet den Ëmweltministère a vergläichbare Fäll an der Vergaangenheet och esou eng Impaktstudie gefrot?
    • Wann nee, op Grond vu wat fir enger Entscheedung verlaangt de Ministère elo dës Studien?
  • Wat sinn déi konkret Critèren, op Grond vun deenen den Ëmweltministère decidéiert, op bei engem Aus- oder Ëmbau eng Impaktstudie muss gemaach ginn oder net?
  • Laut den Informatiounen aus der Presse huet den Ëmweltministère d’Opfuederungen nees zréckgezunn. Kann d’Madamm Ëmweltministesch eis dëst bestätegen?
    • Wäerten och an Zukunft a vergläichbare Fäll keng Impaktstudien méi gefrot ginn?
  • Wéi vill Impaktstudien goufen pro Joer zanter 2017 am Kader vun engem Ëm- oder Ausbau vun engem landwirtschaftleche Betrib gemaach?
    • Wéi vill landwirtschaftlech Bauprojeten sinn an deem Zäitraum op Grond vum Resultat vun enger Impaktstudie verworf ginn?
  • Wéi definéiert den Ëmweltministère „des unités d‘engrais importantes“ genau?
    • Gëtt et an deem Zesummenhang eng kloer an transparent Reegelung, déi mam Landwirtschaftsministère ofgeschwat ass, an vun der d’Baueren och a Kenntnis gesat goufen?
  • Op wat fir wëssenschaftlech Critèren baséiert d’Ausso, dat all Erhéijung vum Véibestand zu negativen Auswierkungen op d’Ëmwelt féiert?
  • Sinn den Ëmwelt- an de Landwirtschaftsministère generell géint eng Erhéijung vun der Véizuel pro Betrib, an dat onofhängeg vun der jeeweileger Betribsfläch an onofhängeg vun den existéierenden Gülle- a Mëschtverträg?
  • Ab wéi enger Unzuel u Béischten pro Betrib ass den Impakt op d’Ëmwelt laut dem Ëmweltministère héich?
    • Gëtt et an deem Zesummenhang eng kloer an transparent Reegelung, déi mam Landwirtschaftsministère ofgeschwat ass, an vun der d’Baueren och a Kenntnis gesat goufen?
  • Wéi vill kascht eng Impaktstudie a wien muss d’Käschten droen?
  • Ginn et genuch agreéiert Experten zu Lëtzebuerg, déi esou Studien maache kënnen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck