Wat sinn aktuell d’Delaien, fir eng Autorisatioun vun der CNS fir een dréngenden operativen Agrëff am Ausland ze kréien?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet ze stellen.

Am Januar 2022 hate mir Iech an enger mëndlecher Fro op ee Fall vun engem Patient higewisen, deen d’Urgence misst am Ausland operéiert ginn, d’Suen fir des Operatioun awer selwer huet misse virstrecken, well d’Autorisatioun vun der CNS net mat Zäit virlouch. Den Här Minister fir sozial Sécherheet dat deemools geäntwert, dass et sech an dësem Fall em eng Urgence handelt an esou eng Demande an deem Fall misst méi séier traitéiert ginn. An de soziale Medien ass ze liesen, dass deen nämmlechte Patient wéinst enger Komplikatioun nees muss dréngend am Ausland operéiert ginn, an nees an der Situatioun ass, Geld am Beräich vun Dausenden Euroen musse vir ze strecken, fir dass dës dréngend noutwendeg Operatioun stattfënnt. Dëse konkrete Fall werft eiser Meenung no vill Froen op, wéi d’Autorisatioun fir een dréngenden operativen Agrëff am Ausland vun der CNS gehandhaabt gëtt. Dëst zemools fir Patienten, déi d’Moyen net hunn, d’Suen fir eng Operatioun vir ze strecken.

Dowéinst wollte mir folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:

  • Kann de Minister bestätegen dass dëse konkrete Fall keen Eenzelfall ass?
  • Kann den Här Minister eis soen, op schonns Operatiounen ofgesot goufen, well déi néideg Autorisatioun net virlouch?
  • Wat sinn aktuell d’Delaien, fir eng Autorisatioun vun der CNS fir een dréngenden operativen Agrëff am Ausland ze kréien?
  • Wat soll gemaach ginn, fir am Fall vun Urgencen d’Autorisatioun méi séier kënnen ze ginn?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass de System vun den Autorisatiounen fir dréngend Operatiounen am Ausland muss iwwerschafft ginn?
  • Ass den Här Minister der Meenung, den zoustännege Service op der CNS misst personell opgestockt ginn?

 

Här President mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                            Max Hengel

Deputéiert                                                      Deputéierten

 

D’Äntwert fannt dir hei :

276694 (2)

Zréck