Wat plangt d’Regierung, fir d‘Verkéierssituatioun am Käldall an domat d’Liewensqualitéit vun de Leit kuerzfristeg ze verbesseren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

D’Verkéierssituatioun am Käldall spëtzt sech weider zou. An de Spëtzestonne geet a villen Niewestroosse vun de Gemenge Rëmeleng a Käl-Téiteng – virun allem op de „Schläichweeër“ a Richtung Frankräich an aus Richtung Frankräich  – net méi vill. Fir d’Awunner gëtt d‘Verkéierssituatioun zu enger Dauerbelaaschtung, si erstécke reegelrecht am Trafic.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte riichten:

  • Wei ass d’Verkéierssituatioun an der genannter Regioun op den Haaptachsen, am Allgemengen an an de Spëtzestonnen?

 

  • Wat plangt den Här Minister, fir d‘Verkéierssituatioun am Käldall an domat d’Liewensqualitéit vun de Leit kuerzfristeg ze verbesseren?

 

  • Wéi wëll den Här Minister d’Offer un Eisebunnsverbindunge vu Rëmeleng aus méi attraktiv maachen an a wéi engem Zäitraum soll dat geschéien?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck