Wat plangt d’Regierung fir den SMI-Patienten eng besser Prise en Charge ze assuréieren?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister vun der Sécurité sociale weiderzeleeden.

Laut enger Studie, déi 2019 am Deutschen Ärzteblatt publizéiert gouf, läit d‘Stierflechkeet bei Patienten mat enger schwéierer mentaler Krankheet (severe mental illness, SMI) wéi beispillsweis bei enger Borderline-Perséinlechkeetsstéierung oder psychoteschen a bipolaren Stéierungen däitlech méi héich wéi beim Rescht vun der Bevëlkerung. Laut dëser Publikatioun kéint sech d’Liewenserwaardung vun de Patienten mat enger SMI bis zu 10 Joer verkierzen.  Den Traitement vun dëse Krankheeten gëtt zu Lëtzebuerg net integral vun der CNS rembourséiert, obwuel se als Krankheeten unerkannt sinn. Zudeem ass bewisen, dat eng Kombinatioun vun enger medikamentéiser an enger psychotherapeutescher Behandlung déi beschte Resultater bréngt. An dem Zesummenhang wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister vun der Sécurité sociale stellen:

 

  • Wann d’Verhandlungen bis erfollegräich ofgeschloss sinn an d‘Psychotherapie vun der CNS rembourséiert gëtt, wäert déi nei Reegelung dann och fir SMI-Patienten gëllen, déi sech schonn an enger psychiatrescher Behandlung befannen?
    • Wann nee, fir wat net?
  • Wat plangt d’Regierung ganz generell, fir den SMI-Patienten eng besser Prise en Charge ze assuréieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel, Deputéierten

Zréck