Wat mëscht d’Regierung fir géint d’Verschmotzung, déi duerch duerch Zigarettenstëmp entsteet, virzegoen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Offäll vun Zigarettestëmp un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

D’Zigarettestëmp bedeiten eng reegelrecht Plo fir d’Ëmwelt, an dat iwwerall an de Stied an och am ländleche Raum. Se sinn net nëmme schwéier opzerafen an ze trenne mee brauchen och 10 bis 15 Joer fir ze degradéieren an enthalen eng Hellewull un toxesche Substanzen, déi schiedlech fir d’Ëmwelt sinn. D’Anti-Tubak Gesetz vun 2017 huet schonn eng Rei Restriktiounen a Sanktioune virgesinn, fir géint dës Verschmotzung virzegoen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm an den Här Minister stellen:

  • Wéi vill Tonnen un Dreck resultéierend vun den Zigarettestëmp gi järlech agesammelt? Wéi eng Käschten entstinn doduerch?
  • Wéi vill Protokoller wéinst Verstéiss géint d’Anti-Tubak Gesetz si schonn ausgestallt ginn?
  • Huet d’Regierung een Aktiounsplang oder Mesurë fir géint d’Verschmotzung, déi duerch Zigaretten entsteet, virzegoen an dës Situatioun ze verbesseren?
  • Wéi ass an dësem Kontext den Tëschebilan vum Anti-Tubak Gesetz?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck