Wat ka beim Recyclage respektiv Verbrauch vu Plastik verbessert ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu dem Plastiksoffall un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

Ech well nach eng Kéier op een Artikel vun reporter.lu zum Plastiksoffall agoen. Ech hat an deem Kontext schonn eng mëndlech Fro un d’Madamm Ministesch an der Chamberssëtzung vum 18. Dezember gestallt ouni dass ech konkret Äntwerte kritt hätt. Laut dësem Artikel gëtt eng grouss Mass u Plastiksoffäll all Joer exportéiert, et handelt sech hei ëm eng Masse vun zirka 14000 Tonnen. Anersäits hu mir awer zu Lëtzebuerg och Firmen, déi recycléierte Plastik verschaffen. Bei dëse Firme gëtt vill Plastik importéiert.  Et kann een also gesinn dass hei net wierklech eng Kreeslafwirtschaft stattfënnt esou wéi d’Madamm Ministesch dat och confirméiert huet. Si huet als Mesure och d’Ëmsetze vun der EU-Direktiv annoncéiert wouduerch et duerch Verbueter manner Zorten vu Plastik solle ginn. Och beim Recycling sinn ambitiéis a begréissenswäert Ziler ugekënnegt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

Wouhi gëtt dee ville Plastik vu Lëtzebuerg exportéiert? Wat geschitt op deene Platzen domadder?
Wéi vill Plastik gëtt all Joer importéiert? Vu wou kënnt dëse Plastik a gëtt en duerno erëm hei am Land recycléiert?
Wéi eng konkret Mesure gi geholl fir d’Ziler beim Recyclage vum Plastik ëmzesetzen?
Ginn d’Betriber incitéiert manner Plastik z’importéiere respektiv manner z’exportéieren? Wann jo, wéi?
Ginn d’Betriber hei zu Lëtzebuerg incitéiert manner Plastik (Fläschen, Verpackungsmaterial etc) ze gebrauchen? Wann jo, wéi?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck