Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Mobilitéitsminister an un den Energieminister weiderzeleeden.
Am Règlement Grand-Ducal vum 7. Mäerz 2019 iwwer déi energetesch Performance bei ëffentlechen Infrastrukturen gouf festgehalen, dass e gewësse Prozentsaz u Stellplazen fir elektresch Gefierer beim Bau vun dëse Gebaier muss virgesi ginn. Sou steet am Gesetz geschriwwen, dass all eenzel E-Mobility-Parkplaz mat engem Stroumkabel oder awer mat 2 Gainen muss pré-équipéiert sinn.
Am Kontext vun der technescher Realisatioun, déi anscheinend dacks mat Schwieregkeete verbonnen ass, erlaben ech mir, folgend Froen un déi Häre Ministeren ze stellen :
- Kann d’Regierung déi ugeschwate Schwieregkeete bei der technescher Ëmsetzung confirméieren ? A wa jo, woura bestinn d’Problemer konkret?
- A wéi wäit befënnt d’Regierung et fir noutwendeg, fir dëst Gesetz nozebesseren, wëssend, dass et eng Multitude vun Opérateure gëtt, déi mat ënnerschiddlechen techneschen Equipementer schaffen ?
Bei de Parkplaze fir Elektro-Autoen fält doriwwer eraus op, datt et bis elo keng speziell fir Leit mat engem Handicap gëtt.
- Wat huet d’Regierung an deem Kontext virgesinn, fir dass och déi sougenannte « Personnes à mobilité réduite » kënnen de Kaf respektiv d’Notzung vun engem Elektro-Auto an d’A faassen ?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Lies
Deputéierten
Zréck