Wat geschitt mat der kommunaler Prime informatique?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeginn.

Op Basis vum Règlement grand-ducal vum 11. Mäerz 1994 bezilt de Staat de Fonctionnairen a Mataarbechter vun IT-Departementer eng sou genannten « prime d’informatique ». Dës Prime ass eng zousätzlech Indemnitéit fir Fonctionnaire mat offiziell unerkannten IT-Qualifikatiounen a spezifesch IT-Tätegkeeten. Och verschidde Gemengen hunn an der Vergaangenheet hire Mataarbechter vun den IT-Departementer esou eng Prime ausbezuelt. Mengen Informatiounen no hunn e puer Gemengen elo awer dës zousätzlech Indemnitéite gestrach. An deem Kontext wëll ech follgend Froen un den Här Inneminister stellen.

  • Stëmmt et, datt verschidde Gemengen hire Mataarbechter an der Vergaangenheet ënner gewësse Konditiounen eng speziell „prime informatique“ ausbezuelt hunn?
    • Wa jo, ëm wat fir Gemengen handelt et sech?
  • Kënnt Dir confirméieren, datt eenzel Gemengen dës Prime elo gestrach hunn?
    • Wa jo, fir wat?
  • Denkt d’Regierung drun, fir op Gemengenniveau eng änlech gesetzlech Basis fir eng „prime informatique“ ze schafe wéi beim Staat?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm, Deputéiert

Zréck