Wat gëllt, d’Simulatioune vun der Uni oder d’Ausso vum Bildungsminister ? Huet d’Zesummeleeë vun de Klassen elo e staarken Afloss op d’Verbreedung vum Virus oder net ?

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dringend parlamentaresch Fro un d´Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden

An der gemeinsamer Äntwert vun der Gesondheetsministesch an dem Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend op d’parlamentaresch Fro Nr. 2424 präziséieren Madamm Minister an den Här Minister « …dass d’Schoulaktivitéiten an Zäite vum Covid-19-Virus zu deenen am mannste problemateschen an eiser Gesellschaft gehéieren. Kanner gi manner oft ugestach vum Virus, si hu manner staark Symptomer a stiechen an der Reegel och manner Leit un. Mat dem aktuelle Wëssensstand kënne mir soen, dass d’Bildungsariichtungen net zu de Clustere gehéieren, iwwert déi de Virus sech an der Gesellschaft verbreed… »

Laut de rezente Modelléierunge vum « Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB), University of Luxembourg » vum 20. Juni 2020 (https://storage.fnr.lu/index.php/s/otn0mcAvomWMKzB/download) huet d‘Opmaache vun der Schoul an den ënnerschiddlechen Zenarien allerdéngs ee signifikanten Afloss op d’ Weiderverbreede vum Virus am Verglach zum Nit-Opmaache vun de Schoulen, an och am Verglach zum Schoulbetrib a gedeelte Klassen.

  • Op wéi eng wëssenschaftlech Etüde baséiert den Här Minister seng Ausso, dass d’Schoulaktivitéiten an Zäite vum Covid-19-Virus zu deenen am mannste problemateschen an eiser Gesellschaft gehéieren ?

An der Simulatioun zum gemeinsamen Unterrecht an de leschten 2 Schoulwoche gëtt just de Fall vun den ongedeelte Klasse mat “social distancing” analyséiert.

  • Vu que datt an de Klassen awer d’ Distanz vun 2 m net méi anzehalen ass wann déi ganz Klass erëm beieneen ass, wär et do fir eng Konklusioun ze zéien net noutwendeg gewiescht fir eng Simulatioun “ouni social distancing” berechnen ze loossen?
  • Ass sou eng Simulatioun gemaach ginn ? Wa jo, wat sinn d’Resultater ? Wa net firwat ass dëse Modell net berechent ginn ?

D’ Etüd weist ebenfalls drop hin, datt duerch ee massiivt Testen d’ Verbreedung vum Covid-19-Virus signifikant ka reduzéiert ginn. An der Etüd gëtt vu 50.000 – 100.00 Tester pro Woch geschwat.

  • Gesäit Regierung eng gezielt Testaktioun fir d’ Schüler, Studenten an Enseignant’ en vir, déi elo fir déi 2 lescht Wochen erëm beieneen an der Schoul sinn ?
  • Wann neen – firwat net?
  • Wann jo – wéini a wéi gëtt des Testaktioun organiséiert a wou kennen sech Schüler, Studenten an Enseignant’ en teste loossen ?

Als Konklusioun gëtt an der Etüd festgehalen datt den “social distancing” extrem wichteg ass, fir d’ Verbreedung vum Covid-19-Virus ze verhënneren.

  • Wéi well den Här Minister dësen “social distancing” an de Schoulen ëmsetzen?

Mat déiwem Respekt,

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck