Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen fir dem Mangel un Saisonsaarbechter entgéint ze kommen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung  weider ze leeden.

Och, an esouguer grad, an der aktueller „Corona“-Kris ass et wichteg, datt d’Awunner mat gudden an héichwäertege Produkter aus der regionaler Landwirtschaft a -Produktioun versuergt ginn. Fir datt dës Versuergung awer ka funktionéieren ass d’Landwirtschaft, grad ewéi de Wäibausecteur, wärend verschiddene Periode vum Joer op zousätzlech Aarbechtskräften ugewisen. Eisen nationalen Aarbechtsmaart kann dëser Nofro net nokommen, esou datt mir op Saisonsaarbechter aus dem Ausland ugewise sinn.

An anere Länner wéi zum Beispill an Däitschland hunn déi politesch Verantwortlech elo Ausnamereegelunge mat klore Critèrë festgehalen, ënner deene Saisonsaarbechter kënnen areesen a beschäftegt ginn.

Iwwer d’Situatioun fir Lëtzebuerg wollte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi gedenkt d’Regierung de betraffenen Acteuren ze hëllefen an domat ze garantéieren, datt déi national Liewensmëttelversuergung och a Krisenzäite funktionéiert a garantéiert gi kann?
  • Géif d‘Regierung esou eng Léisung generell halen, oder d’Länner limitativ opzielen, wou Saisonsaarbechter hierkomme géifen?
  • Wéi steet d‘Regierung zur Reegelung, déi an Däitschland agefouert ginn ass?
  • Kann d’Regierung Zuelen nennen, wéi vill Mënschen sech op Jobswitch.lu ageschriwwen hunn, an am besonnesche fir an der Landwirtschaft an am Wäibau auszehëllefen? Passen d’Reegele vum „prêt temporaire de main-d’oeuvre“ op dës Fäll ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                       Octavie Modert

Deputéierten                                                                             Deputéiert

Zréck