Wat fir Moossnamen huet d’Regierung geplangt oder schonn ëmgesat, fir Gewalt an de Prisongen ze verhënneren an d’Sécherheet vum Personal ze garantéieren?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
Am Kontext vun der Sécherheet an de Prisongen zu Lëtzebuerg gouf rezent e Virfall gemellt, bei deem e Gefaangenen e Justizvollzugsbeamten ugegraff huet. De Virfall huet sech de Samsden am Owend zu Schraasseg zougedroen an huet d’Diskussioun iwwer d’Sécherheetsmesuren an eise Prisongsverwaltungen nees nei opgeworf. Schonn den 30. Mäerz gouf en änlechen Tëschefall gemellt, bei deem zwee Beamte blesséiert goufen, dorënner een, deen eng “besonnesch medezinesch Versuergung” gebraucht huet. Dës repetitiv Virfäll ginn als Suergepunkt ugesinn – net nëmme fir d’Sécherheet vum Personal, mee och fir d’Missioun vun der Reintegratioun an d’Gesellschaft vum Détenu ze garantéieren.
Am Hannergrond vun dësen Evenementer stellt sech d’Fro, ob déi aktuell Sécherheets- a Präventiounsmoossnamen an de Prisongen nach adequat sinn. Et ass och wichteg, sech Froen ze stellen iwwert d’Aarbechtsbedingunge vum Personal an d’Ausbildung, déi hinnen zur Verfügung gestallt gëtt, fir mat esou Eskalatiounen ëmzegoen. Doriwwer eraus ass et relevant, d’Evaluatioun vu bestoende Moossnamen an d’Entwécklung vun neie Strategien zur Präventioun an zur Stäerkung vum Sécherheetsgefill z’ënnersichen.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:
Wéi vill Virfäll mat Gewalt géint Justizvollzugsbeamten goufen an de Prisongen zu Lëtzebuerg an de leschte fënnef Joer registréiert? Kann d’Justizministesch dës Donnéeën pro Joer a pro Prisong opgeschlësselt zur Verfügung stellen?
Wat fir Moossname huet d’Regierung geplangt oder schonn ëmgesat, fir Gewalt an de Prisongen ze verhënneren an d’Sécherheet vum Personal ze garantéieren?
Gëtt et eng systematesch Evaluatioun vun esou Virfäll, fir déi adequat Präventiounsmoossnamen ze analyséieren a weiderzeféieren? Wéi ginn d’Beamten op esou Eskalatiounen virbereet, z. B. duerch Formatiounen oder spezifesch Trainingen?

Här President, mir bieden Iech, eist déifste Respekt unzehuelen.

Stéphanie Weydert
Députéiert

Zréck