Wat fir Mesuren sinn zu Lëtzebuerg virgesinn wann sech d’Tigerméck sollt hei am Land verbreeden?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Wéi verschidde Medien gemellt hunn, ass zu Stroossbuerg eng groussflächeg Aktioun géint d’Tigerméck duerchgefouert ginn, nodeems e Fall vun Dengue-Féiwer entdeckt gouf. An zwee Quartieren ass iwwer Nuecht den Insektizid Aqua-K-Othrin ausbruecht ginn, fir ze verhënneren, dat d’Tigerméck dës Krankheet op aner Leit iwwerdréit. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Kënnt Dir dës Meldung confirméieren?
    • Wa jo, wat fir Mesuren sinn zu Lëtzebuerg an esou engem Fall virgesinn?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Claude Wiseler

Zréck