Wat fir Konditiounen musse Betriber erfëllen, déi wëllen Hanf fir medezinesch Zwecker ubauen?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Am Kader vun der Legaliséierung vum Cannabis soll tëschent Dezember 2022 an Abrëll 2023 zu Lëtzebuerg eng detailléiert Studie zum Thema Drogen duerchgefouert gin. Och den Ubau vun Hanf fir medezinesch Zwecker ass geplangt. An dem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Wat genee gëtt an der Studie analyséiert?
  • Wien ass responsabel fir d’Erhiewen vun den Daten?
  • Wéi gëtt déi Etude um Terrain genee duerchgefouert, wéi vill Leit gi gefrot?
  • Ginn d’Resultater vun dëser Studie publik gemaach?
    • Wa jo, wéini?
  • Wat fir Konditiounen musse Betriber erfëllen, déi wëllen Hanf fir medezinesch Zwecker ubauen?
  • Gin déi Betriber, déi zu den Pionéier vum Hanfubau hei zu Lëtzebuerg gehéieren, bevirdeelegt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck