Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
D’Bildung an Erzéiung vun eise Kanner ass eng vun de fundamentale Responsabilitéite vum Staat. Fir d’Sécherheet an d’Wuel vun de Kanner ze garantéieren, muss d’Astellung vu Personal am Enseignement Fondamental net nëmmen op Basis vu fachlechen an didaktesche Kompetenze geschéien, mä och ënnert strenger Berécksiichtegung vun de moralesche Qualitéite vum·n der Kandidat·in. Dëse Prozess muss kloer gereegelt a streng iwwerwaacht ginn, fir ze garantéieren, dass nëmmen déi Persounen, déi allen Aspekter vun den Ufuerderungen entspriechen, an d’Funktioun vum·n der Enseignant·e ernannt ginn.
Zousätzlech gëtt ëmmer erëm d’Fro opgeworf, wéi eng Roll d‘Gemengen an dësem Recrutementsprozess spillen an ob si entscheedend Rechter hunn oder ob hir Roll éischter consultative Charakter huet. Besonnesch Bedenke ginn och opgeworf am Fall, wou eng Persoun en Extrait vum Casier judiciaire virleet, deen Delikter enthält, déi d’Integritéit vun der Funktioun vum·n der Enseignant·e kéinten a Fro stellen.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:
- Wat fir Delikter gëllen als Ausschlosskrittär fir eng Funktioun am Enseignement Fondamental?
- Ass geplangt, d’Ausschlosskrittären aus dem Casier judiciaire am Recrutementsprozess ze verschäerfen? Beispillsweis d’office am Fall vu bestëmmten Delikter?
- Vu dass d’Gemenge keen Abléck an d’Dossiere vum zukünftege Léierpersonal hunn, ass eng Reform vun der Roll vun de Gemengen am Recrutementsprozess am Gespréich?
- Vu dass d’Gemengen d’Léierpersonal guer net méi selwer bezuelen, wär et net méi sënnvoll de ganze Recrutementsoflaf géif bei den Educatiounsministère eriwwergoen?
Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER
Deputéiert
Zréck