Wat fir Conclusiounen zitt d’Regierung virum Hannergrond vun der ugestriefter Legaliséierung vum Cannabis hei zu Lëtzebuerg aus dem UNO-Droge-Rapport?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Aus dem rezenten Droge-Rapport vun der UNO geet evir, dat de Konsum vun Cannabis weltwäit an d’Luucht geet, besonnesch ënnert de jonke Leit. D’Experten féieren des Entwécklung zum Deel op d’Legaliséierung vum Cannabis a verschiddene Länner zréck. D‘Hausse beim Konsum féiert derzou, dass d’Santés-Ariichtungen ëmmer méi belaascht ginn, sou d’Experten. Zesummen mam reegelméissege Konsum féiert virun allem déi méi staark Wierkung vum Haschisch a vum Marihuana zu ëmmer méi Suchterkrankungen, respektiv zu méi psychesch Erkrankungen. Am Rapport steet och, dat an der Europäescher Unioun 30 Prozent vun allen Drogen-Therapien op de Konsum vun Hanfprodukter zréckzeféieren sinn. An dem Kontext géif ech gär folgend Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Wat fir Conclusiounen zitt d’Regierung virum Hannergrond vun der ugestriefter Legaliséierung vum Cannabis hei zu Lëtzebuerg aus dem UNO-Droge-Rapport?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp, Deputéiert

 

Äntwert vun der Madamm Gesondheetsministesch op d’parlementaresch Fro n°6421 vum 29. Juni 2022 vun der honorabeler Deputéierte Madamm Nancy Arendt

D’Regierung wëll de bestoende Konsum vu Cannabis fir net medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg reglementéieren. D‘Haaptzil ass et fir erauszefannen, op een d ‘Gesondheet vun de Mënschen déi mat Cannabis a Kontakt kommen besser mat dëser Reglementéierung schützen kann.

Am UNO Rapport vun 2022 iwwert Drogen kann een liesen, dass d’Légaliséierung vu Cannabis d‘Hausse vum Cannabiskonsum vu jonken Erwuessener kinnt accéléréiert hunn, während deems d’Prevalenz vum Konsum vu Cannabis bei méi Jonken éischter stabel bliwwen wier. Dee selwechten Rapport ënnersträicht dann awer och, dass et nach Jorzéngten braucht fir den reellen Impakt vun neien Reglementatiounen vun Cannabis valid kënne ze évaluéieren.

D‘Auteuren vum Rapport consacréieren deemno zu Recht eng ganz Säit vir déi Villzuel vun determinanten Facteuren, méiglechen Tendenzen, Virbehalter an Erausfuerderungen a Saachen Impaktanalyse opzezielen. Als Beispill, nennt den Rapport d’Tatsaach dass a villen Staten a Juridictiounen aus Nordamerika schonn virun deen respektiven Légaliséierungen vu Cannabis eng tendenziell Hausse vum Cannabiskonsum existéiert huet.

Et ass deem selwechten Rapport ze enthuelen, dass och a villen US Staten, déi net legaliséiert hunn, trotzdem de Konsum vu Cannabis iwwert déi selwecht Zäitspan eropgaangen ass. Déi selwecht Erkenntnisser maachen d ‘Auteuren fir vill EU Memberstaten. En anert wichtegt Element aus dem UNO Rapport 2022 ass déi confirméiert Tendenz vun der Hausse vum THC Gehalt an Cannabisproduiten déi parallel zu enger Hausse vun den Behandlungsufroen oder Hospitalisatiounen wéinst Cannabis ze beobachten ass.

Déi Hausse vun der Duerchschnëttskonzentratioun an den Maximalkonzentratiounen vun THC an Cannabisproduiten gëtt och queesch duerch d’EU an och zu Lëtzebuerg séit Joeren constatéiert. Dem UNO Rapport no sinn an der EU mëttlerweil „30% vun allen Drogentherapien op de Konsum vun Hanfprodukter zeréckzeféieren“, also a Länner wou den Cannabis net legaliséiert ass.

Wann een zousätzlech d’Geforen déi duerch potentiell geféierlech Streckmëttelen an Zoufügen vun zum Beispill nach gréisstendeels méi geféierlechen syntheteschen Cannabinoïden an Cannabisproduiten déi um illegalem Marché verdriwwen ginn betruecht, dann gëtt engem séier bewosst, dass den aktuell existéierenden an net kontrolleierbaren illegalen Marché vun ëmmer méi verschidden a méi geféierlechen Produiten déi do circuléieren, onkalkuléierbar Risken fir den Konsument duerstellen, deen ëmmer manner Méiglechkeeten huet fir iwwerhaapt ze wëssen wat en dann schlussendlech keeft a konsomméiert.

An deem Sënn ass et wichteg Tendenzen an nei wëssenschaftlech Erkenntnisser déi an internationalen an nationalen Drogeberichter beschriwwen ginn, ze suivéieren, mee och ob Basis vun den Evolutiounen déi an deem Rapport beschriwwen oder confirméiert ginn, faktenbaséiert an encadréiert legal Réajustementer virzehuelen fir dem wuessendem illegalen Cannabismarché, deen op Maximisatioun vu Profit baséiert an dat ouni Récksiicht op déi wuessend Risken vir den Konsument, entgéintzewierken.

D’Gesondheetsministesch (s.) Paulette Lenert

 

Zréck