Wat ass d’Positioun vun eiser Regierung dozou, dat et zu Lëtzebuerg nach ëmmer Stagen am Kader vu Studiegäng am Gesondheetsberäich ginn, déi net bezuelt sinn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung weiderzeleeden.

 

Am Gesetz vum 4. Juni 2020, dat de Code du Travail ofännert an e gesetzleche Kader fir d‘Stage vu Schüler a Studenten aféiert, steet geschriwwen, dat Stagen, déi ee feste Bestanddeel vun enger Formatioun oder engem Studieprogramm sinn, indemniséiert musse ginn, wann se véier Wochen oder méi laang undaueren. De Medezinstudium gesäit am sechste Studiejoer ee Praxisjoer vun zwee Semester vir. Den Artikel L.152-2 aus dem genannte Gesetz schléisst Stagen, déi am Kader vun enger Formatioun, déi op e reglementéierte Beruff virbereeden, vun enger Indemnisatioun aus. Dozou gehéieren d’Medezinsstudien an d’Studiegäng am Beräich vun de Gesondheetsberuffer.

 

Well et an eisem Land eng Penurie un Dokteren an un Nowuess an der Medezin gëtt, wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung stellen:

 

  • Wisou gëllt des Ausnamereegelung aus dem Code de Travail fir d’Medezinsstudien an d’Studiegäng am Beräich vun de Gesondheetsberuffer?
  • Wat ass d’Positioun vun eiser Regierung dozou, dat et zu Lëtzebuerg nach ëmmer Stagen am Kader vu Studiegäng am Gesondheetsberäich ginn, déi net bezuelt sinn?
  • Wéi ee prakteschen Impakt huet dës Reegelung op déi ugeschwate Penurie un Nowuess a Gesondheetsberuffer, wëssend, dass dat genanntent Praxisjoer an anere Länner bezuelt gëtt?
  • Wéi eng konkret Ännerunge gesäit d’Regierung vir, fir dësem Problem entgéint ze wierken? Falls Ännerunge virgesi sinn, ab wéini kann an der Praxis domat gerechent ginn?

 

Här President, mir bieden Iech des Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                   Claude Wiseler

Deputéiert                                                             Deputéierten

Zréck